Op der Rhum: 4 Tuben fir déi gutt Laun

Bei herrlechem Fréijoerswieder a waarme Sonnestralen haten sech eis Bewunner an deem prächtege Banne-Park vum Site „op der Rhum“ afonnt fir dem musikalesche Besuch vu 4 Bléiser vun der Militärmusek nozelauschteren.

Eng historesch Platz – wou am 17. Joerhonnert Kasäre vum Vauban gebaut gi waren a bis Enn 19. Joerhonnert Zaldote logéiert hunn – déi sech de 4 Militärmuseker mat hiren Tuben presentéiert huet.

D’Musek huet de Virdeel dass se verbënnt trotz enger gesonder Distanz tëschent de Leit déi se nolauschteren an esou Emotioune fräi setzt ouni dass een se muss upaken.

E grousse Merci geet un déi 4 Museker, déi trotz Schweesspärelen op der Stier, eise Bewunner ee wonnerbare Moment erméiglecht hunn!

Fotoen: (c) Robert Theisen – Armée Luxembourgeoise