Sprangprozessioun 2021

„Do wou soss dausende vu Sprenger a Musikanten op Päischtdënschdeg an de Stroossen vun Iechternach ënnerwee sinn, ass et elo schonn dat 2. Joer hannertenee roueg…. Keng Sprenger, keng rhythmesch Melodien, keng Leit…

Fir d’Bewunner vun eisen 2 Iechternacher Haiser „Belle Vue“ an „Am Schleeschen“ war dest net ze denken! D’Traditiounen an d’Gebräicher sollen héich gehale gin!

Voller Freed a mat Houfert gouf dat wäisst Hiem zougeknäppt an dat wäisst Nuesschnappech an d’Täsch gestach:

„3 no fir, 2 no hannen“ ass e Cliché, eigentlech gëtt säitlech gesprongen, aus dem Haff vun der Abtei erfort, duerch d’Sauergaas op d’Maartplaz an duerch d’Krimergaass bis bei d’Krypta vun der Basilika, knapp eppes méi wéi e Kilometer.

Endlech de Wee gepackt gehéiert eng Erfrëschung och zur Traditioun.“