Summerfest „light“ zu Iechternach am CIPA Belle-Vue

Och wann déi aktuell Situatioun aus dem traditionellen Summerfest am CIPA Belle-Vue zu Iechternach eng „light“ Versioun gemaach huet, sou war et trotz allem e schéinen a gemeinsamen Moment fir d’Bewunner an d’Fleegepersonal.

Während dem musikaleschen Apéro as an der Kichen eng grouss Pan Paella fir Mëttegiessen preparéiert gin, déi sech jiddereen gutt schmaachen gelooss huet.