Chrëschtbasar’en bei SERVIOR 2023

17/11/23 | Actualité

D’Chrëschtdeeg sti virun der Dier – all SERVIOR-Haiser organiséieren dofir e Chrëschtmaart oder e Chrëschtbasar.

Hei gëtt et vun allem ronderëm d’Thema vun deene feierlechen Deeg an der wanterlecher Joreszäit déi un d’Dier klappt: Iess- a Gedrénksstänn mat Glühwäin, Stollen a Co, oder awer selwer gebastelt Adventskränz, déi een op der Plaz bewonneren a kafen kann. Natierlech wäerten och waarm Käschten an déi néideg musikalesch Ambiance sécher net feelen. Kommt roueg bis laanscht luussen… Vläicht ass jo och déi richteg Deko fir Äert Doheem oder souguer e Chrëschtkaddo hei ze fannen… Eis Bewunner an den eenzelen Haiser freeën sech elo schonn iwwert Äre Besuch !

Zeckt net direkt beim Haus nozefroen falls méi Detailer gewënscht sinn.

Freides, den 24. November a Samsdes, den 25. November

SERVIOR Geenzebléi zu Wolz – vun 10h00 bis 18h00

  • Hobbymaart mat Chrëschtdekoratiounen, Adventskränz, Aloe Vera, Keramik, Bijouen, Chocolat, Hunneg, NV Création, Tombola
  • Musikalesch Animatiounen

Sonndes, den 26. November

SERVIOR am Park zu Boufer – ab 11h00

  • 11h00 Auer Apéritif Concert
  • 15h00 Auer un Chrëschtmusek mat der Fanfare Hielem -Luerenzweiler
  • Chrëschtdagsstänn mat Handaarbechten an Gebäck vun den Pensionären, Bijouen, Dekoratiounen, Tombola

SERVIOR Jousefshaus zu Réimech – vun 14h00 bis 18h00

Samsdes, den 2. Dezember

SERVIOR Sanatorium zu Veianen – ab 14h00

  • Bastelaarbechten, Adventskränz, Arrangementer, Tombola
  • Glühwäin an Gebäck an der Kaffisstuff

SERVIOR Op der Rhum an der Stad

SERVIOR Woiwer zu Déifferdeng – vun 11h30 bis 18h00

  • Musik mat der Madame Melchert an der Harmonie de Differdange
  • Gromperkichelcher, Blanne Jang, Grillwurscht, Ierzebulli, Adventskränz, Eisekuch, Glühwäin a villes méi

SERVIOR Grand-Duc Jean zu Diddeleng – ab 14h00

  • 15h00 Concert mat der Chorale Escher Lidderfrënn
  • Tombola, Handaarbechten, Dekoratiounen, Chrëschtarrangementer

Sonndes, den 3. Dezember

SERVIOR Bei der Sauer zu Dikrech – vun 10h00 bis 17h00

  • Aperitifsconcert ab 11h00 Uhr mat Stefan Reil
  • 15:00-17:00 Concert mat Willy
  • Handarbechten, Bastelsaachen, Chrëschtarrangementer, Adventskränz, Gebäck, Kichelcher, Waeffelcher, Schampesbar

SERVIOR Op der Léier zu Esch – vun 11h-17h00

  • 11h00 Apéro an Verkaaf vun der Tombola
  • 12h00 Adventsmenü
  • 11h30-13h30 Concert mam PAGLIARINI Daniel & Mich
  • 14h15-17h00 Concert GIRES Rol
  • Eisekuchen, Schampesbar, Tombola, Photobooth, Keramik & Bijoux « Arts libre », Adventsdecoratiounen

SERVIOR Um Lauterbann zu Nidderkuer – vun 14h00 bis 17h00

  • 15h30 Concert vun der Chorale « Fa-Schlësselcher vum Lauterbann » an de Sänger vum Club Senior Prënzebierg
  • Adventskränz, Arrangementer, Broderie, Gehäkels, Schmuck, Dekoratiounsartikelen aus Holz, Likören an Sirop

SERVIOR Belle-Vue zu Iechternach –  ab 11h00

  • 14h00 bis 17h00 Musiker “AL SCHANKEN”
  • Kreativ Verkafs- an Bastelstänn, Kaffi & Kuch, Waffelstand

SERVIOR Am Schleeschen zu Iechternach

Samsdes, den 9. Dezember

SERVIOR Beim Klouschter um Houwald – ab 15h00

  • Chrëschtmatinée vun der Amicale
  • Musek mat Chant, Keyboard, Guitar

Sonndes, den 10. Dezember

SERVIOR Schlassbléck zu Veianen – vun 14h00 bis 17h00

  • 14h30 Concert vun der Chorale Veianen
  • Tombola, Stänn mat Handaarbechten an Kaddoen, Glühwäin, Kaffi, Kuch, Eisekuch, Raclette…
Aller au contenu principal