Foto-Retrospektive « Adieu SERVIOR Roude Fiels »

14/11/22 | Actualité

D’läscht Woch haten eis Mataarbechter 2 « Dia-Nomëtteger » fir hir Residenten, mat hire Familljen organiséiert.

Och d’Bewunner an d’Mataarbechter vum Rëmelenger « SERVIOR Roude Fiels » bereeden sech schonn op d’Plënneren an hiert neit Doheem, de 𝗦𝗘𝗥𝗩𝗜𝗢𝗥 𝗪𝗼𝗶𝘄𝗲𝗿 am Fuussbann zu Déifferdeng fir, wou si ab e Mëttwoch wäerten an enger neier Liewensgemeinschaft opgeholl ginn an do getrei dem Motto vu SERVIOR « Den Alter liewen » och weiderhinn vill convivial a freedeg Momenter erliewen.

Bei engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch gouf zesummen op déi läscht Joren an déi vill flott Momenter am SERVIOR Roude Fiels zeréckgekuckt. E melancholesche Moment wou awer d’Virfreed op dat neit a modernt Doheem dominéiert huet 😊👴👵❣️

Aller au contenu principal