Foto-Retrospektive “Adieu SERVIOR Roude Fiels”

14/11/22 | Aktualität

D’läscht Woch haten eis Mataarbechter 2 “Dia-Nomëtteger” fir hir Residenten, mat hire Familljen organiséiert.

Och d’Bewunner an d’Mataarbechter vum Rëmelenger “SERVIOR Roude Fiels” bereeden sech schonn op d’Plënneren an hiert neit Doheem, de 𝗦𝗘𝗥𝗩𝗜𝗢𝗥 𝗪𝗼𝗶𝘄𝗲𝗿 am Fuussbann zu Déifferdeng fir, wou si ab e Mëttwoch wäerten an enger neier Liewensgemeinschaft opgeholl ginn an do getrei dem Motto vu SERVIOR “Den Alter liewen” och weiderhinn vill convivial a freedeg Momenter erliewen.

Bei engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch gouf zesummen op déi läscht Joren an déi vill flott Momenter am SERVIOR Roude Fiels zeréckgekuckt. E melancholesche Moment wou awer d’Virfreed op dat neit a modernt Doheem dominéiert huet 😊👴👵❣️
Woiwer – Servior

Skip to content