SERVIOR recrutéiert… d’Caroline äntwert op eis Froen

17/05/22 | Actualité

Iwwert wéi e Wee recrutéiert SERVIOR am meeschten ?

Wat sinn déi 3 wichtegst Eegenschaften bei engem neien Mataarbechter ?

Wéi eng Profiller sicht SERVIOR ?

Op all des Froën äntwert eis d’Caroline Hoffmann, Chargée de Recrutement bei SERVIOR, an domadder zoustänneg fir d’CV’en duerchzeschaffen an d’Kandidaten déi éischten Kéier ze begéinen fir op all hier Froen ze äntwerten.

Wanns och du wëlls Deel sinn vun enger grousser Liewencommunautéit, déi stänneg evoluéiert, da mell dech elo fir « däin Beruff fir d’Liewen, mat engem Klick op jobs.servior.lu


Säit iwwer 20 Joer këmmert SERVIOR sech em entretemps 1650 eeler Matmënschen, dëst a 15 Wunn-Haiser, mat der Hëllef an dem Asaz vun iwwer 2.200 Mataarbechter (dovunner iwwer 70% an de Fleeg- a Betreiungsberuffer).

Confortabelt a rassuréiert Wunnen, raffinéiert an adaptéiert Iessen, ofwiesslungsräich a variéiert Aktivitéiten, dëst as just d’Spëtzt vum Äisbierg.

Mat sengen iwwer 2200 Mataarbechter ass SERVIOR ee vun de 15 gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg.

SERVIOR ass en Etablissement public, leed Wäert op déi lëtzebuergesch Sprooch a bidd all senge Mataarbechter d’Méiglechkeet des ze léieren.

D’Profiller déi bei SERVIOR permanent gesicht ginn si ganz villfälteg an op 3 grouss Domänen ze resuméieren: « Fleeg a Betreiung, Restauratioun an Hotellerie, Technik an Administrativ ».

SERVIOR proposéiert senge Mataarbechter nierft dem SAS-Kollektivvertrag nach vill aner Avantagen.

Bei SERVIOR gëtt Formatioun a Fidelisatioun grouss geschriwwen, all Mataarbechter kann a soll sech permanent weiderentwéckelen a ka Responsabilitéiten iwwerhuelen an u sengen Tâchë wuessen. Doduercher dass SERVIOR am ganze Land vertrueden ass, ass och eng geographesch Flexibilitéit méiglech.

Aller au contenu principal