“Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit” : Bewunner aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum” maachen en Ausfluch op d’Musel

08/10/19 | Catégorie

Am Wéngert eng Hand mat upaken : dat konnten e puer Bewunner aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum”. Bei herrlechem Hierscht-Wieder sinn d’Senioren an d’Frënn vun der Rhum e leschten Donneschdeg op Schengen gefuer, wou am Markusbierg bei der Lies gehollef gouf. Duerno gouf et dann nach och e Glieschen Wäin vum Markusbierg ze schmaachen. Déi néideg Explikatiounen kruten déi interesséiert Bewunner vun de Responsabel aus dem Schengener Traditiounsbetrib Legill. Op 5,7 Hektar ginn an de Wéngerten vu Legill Auxerrois, Elbling, Gewürztraminer, Pinot blanc, Pinot gris, Pinot noir, Riesling a Rivaner ugebaut.

A wat fir enger fantastescher Naturlandschaft eise Miseler Wéngchen wiisst, konnten d’Bewunner vun der Rhum am “Biodiversum” zu Rermerschen erliewen. Matten am Naturreservat “Haff Réimech” kritt een an enger interaktiver Ausstellung vill iwwert d’Flora an d’Fauna um Muselstrand erkläert. Net manner wéi 250 Viggelzorten si ronderëm d’Weieren vum “Haff Réimech” bekannt. Niewent der Visitt vun dem “Biodervsum” mat senger interessanter Architektur vum Lëtzebuerger Stardesigner François Valentiny koum och dee gesellegen Deel net ze kuerz : An engem Restaurant, deen och vum Bureau Hermann & Valentiny konzipéiert gouf, konnten sech d’Bewunner iwwert dat erliefte Stéck Musel austauschen. D’Sortie gouf zesummen mat de Frënn vun der Rhum organiséiert.