#WëllkommJousefshaus

01/08/22 | Aktualität

Haut um 1. August begréisst SERVIOR, zesummen mat sengen 15 Haiser, d’Jousefshaus vu Réimech, mat sengen 120 Bewunnerinnen a Bewunner an sengen 140 Aarbechtskolleeginnen an Aarbechtskolleegen.

Vun haut un zielt SERVIOR also 2.330 Mataarbechter, déi sech deeglech em bal 1.800 Bewunner, an den ënnerschiddlechen Etappe vum héijen Alter këmmeren, an si begleeden.

Dëst ënnert der SERVIOR-Devise “Den Alter liewen”, elo a 16 Haiser am ganze Land an elo och op der Musel, an der schéiner Uertschaft Réimech.

Wëllkomm SERVIOR “Jousefshaus” !


Skip to content