Vun Iechternach op Köln an d’Päerdsshow Appassionata Cavalluna : E klenge Reesbericht vum Dan Katzenmeier

29/04/19 | Catégorie

De 6. Abrëll si mir zu 6 Persounen – 4 Bewunner an 2 Personal vum SERVIOR-Haus “Belle-Vue” vun Iechternach – a Richtung Köln gestart fir déi berühmte Show Appassionata Cavalluna kucken ze goen. De Plang war sou no wéi méiglech bei Köln zu Mëtteg z’iessen fir dass eis genuch Zäit géif bleiwen fir an der Lanxess-Arena op eis reservéiert Plazen ze kommen. D’Raststätt “Ville” war dofir ideal a mir 6 hunn eis d’Iessen deels vum Burger King, deels vun der Cantine op der Raststätt schmaachen gelooss. Um 12.30 Auer ass et weidergaangen a mir haten nach 25 Minutten bis op eisen gebuchte Parking 200m vun der Hal ewech. Pünktlech um 13.45 Auer souzen mir an der Arena op eise Plazen an d’Show huet um 14.00 Auer ugefaangen.

De Programm huet mat der Paus bal 2 1/2 Stonne gedauert an et war en interessante Spektakel mat iwwer 30 Päerd kombinéiert mat flotter Musek an enger romantescher Geschicht erzielt vun den Déieren mat hire Reider an enger dynamescher Danzgrupp.

Wéi d’Show eriwwer war hu mir gewaart fir als Lescht a mat Rou d’Arena ze verloossen an konnten esou nach eng Kéier all Déieren kucken déi nom Schluss an der Manège duerften bewonnert ginn. Ze midd fir zeréck bei den Parking hu mir eis Bewunner beim Busstopp vun der Lanxess-Arena ofgeholl a sinn dunn mat ofschléissender Sightseeing-Tour duerch Köln bei Brühl erëm op d’Autobunn gefuer an Richtung Iechternach.  Diskutéiert gouf nach bis heem vun deem flotten Dag a virun Allem vun deene schéine Béischten. Géint 20.00 Auer waren mer erëm doheem am Belle-Vue.Den 6. Abrëll sinn mir zu 6 Persounen, 4 Bewunner an 2 Personal an Richtung Köln gestart fir déi berühmten Show Appassionata Cavalluna kucken ze goen. De Plang war sou no wéi méiglech bei Köln zu Mëttegiessen z’iessen fir, dass eis genuch Zäit géif bleiwen fir an Lanxess-Arena op eis reservéiert Plazen ze kommen. D’Raststätt “Ville” war dofir ideal an mir 6 hunn eis d’Iessen deels vun Burger King, deels vun der Cantine op der Raststätt schmaachen gelooss. Um 12.30 ass et weidergaangen an mir haten nach 25 Minutten bis op eisen gebuchten Parking 200m vun der Hal ewech. Pünktlech um 13.45 souzen mir an der Arena op eisen Plazen an Show huet um 14.00 ugefaangen.

 

De Programm huet mat der Paus 2Stonnen20 gedauert an et war en interessanten Spektakel mat iwwer 30 Päerd kombinéiert mat flotter Musek an enger romantescher Geschicht erzielt vun den Déieren mat hiren Reider an enger dynamescher Danzgrupp.

Wéi Show eriwwer war hunn mir gewaart fir als Lëscht an mat Rou d’Arena ze verloossen an konnten esou nach eng Kéier all Déieren kucken déi no Schluss an der Manège duerften bewonnert ginn. Ze midd fir zeréck bei den Parking hunn mir eis Bewunner dunn beim Busstopp vun der Lanxess-Arena ofgeholl an sinn dunn mat ofschléissender Sight-Seeing-Tour duerch Köln bei Brühl erëm op d’Autobunn gefuer an Richtung Iechternach. Virgesinn war nach e Picknick, ma eis Bewunner waren esou erleedegt, dass si den am Minibus wollten zou sech huelen an net méi erausklammen. Awer diskutéiert gouf nach bis heem vun dem flotten Dag an virun Allem vun deenen schéinen Béischten. Géint 20.00 waren mer erëm doheem am Belle-Vue.