Invitatioun: 40 Joer Belle-VueInvitatioun: 40 Joer Belle-Vue

19/06/14 | Catégorie

D’Direktioun an d’Bewunner aus der Belle-Vue lueden häerzlechst an, de 40 Gebuertsdag vun hirem Iechternacher Traditiounshaus zesummen ze féieren, an zwar Sonndes, de 6. Juli ab 11 Auer.

D’Belle-Vue ass ee Stéck Iechternach. Vun 1902 bis an d’60er Joren als Hotel a säit 1974 als Altersheem wou haut ronn 70 Lait wunnen an 60 Persounen schaffen.

D’Belle-Vue féiert seng 40 Joer Gebuertsdag mat engem grousse Fest, un deem sech vill vun hire Frënn bedeelegen: D’Amicale, d’Eechternoacher Musik, de Basilikakouer, d’Chargés de direction aus deene leschte 40 Joer…

Méi Informatiounen

Invitation (PDF)
Affiche (PDF)

Programm

Concert-Aperitif
Eechternoacher Musik a Basilikakouer
11 Auer

Offiziell Ouverture
Raphaël Schmitz an Éieregäscht
11 Auer 45

Gegrilltes oder Gebuertsdag’s-Menu
Ab 12 Auer

Danznomëtteg mam Rol Girres a Marion Welter
Ab 15 Auer

Animatioun fir Grouss a Kleng
Ab 15 Auer

D’Stroossen ronderëm d’Belle-Vue sinn deen Dag gespaart.

Gebuertsdag’s-Menu

Saumon poché oder Ham a Meloun
Rôti de veau « Prince Orloff »
Bombe glacée aux trois parfums
Präis: 28 Euro

Umeldung bis den 28. Juni 2014
Tel: 72 83 11-1

Fir Gegrilltes muss een sech net umellen.

Adresse vum Dag

Belle-Vue
27A, rue Duchscher
L-6434 Echternach

Datum an Auerzait

Sonndes, 6. Juli 2014
Vun 11 Auer un

Déi al Postkaart op der Invitatioun an op der Affiche kënnt vum Site: www.oldpostcardsluxembourg.com

SERVIOR – Wer wir sind
Mit etwa 1600 Betten ist SERVIOR der größte Betreiber von Wohnstrukturen für ältere Menschen in Luxemburg. Derzeit verwaltet SERVIOR 15 Einrichtungen, darunter 8 Altenheime (CIPA), 6 Pflegeheime und 1 Seniorenresidenz. Außerdem bietet SERVIOR regelmäßig 600 Menschen in 21 verschiedenen Gemeinden Essen auf Rädern an. Das öffentlich-rechtliche Unternehmen wurde durch das abgeänderte Gesetz vom 23. Dezember 1998 gegründet und beschäftigt heute über 1700 Mitarbeiter, davon mehr als die Hälfte im Pflegebereich.

Pressekontakt
SERVIOR
Sophie Thomé
61, rue Vauban
L-2663 Luxembourg
Tél: 46 70 13-2038
Fax: 46 70 13-2200
s.thome@servior.lu
www.servior.lu