“On n’a pas tous les jours (5 x) 20 ans”: Wann 100-järeg Bewunner bei SERVIOR aus hirem Liewen erzielen

15/10/19 | Catégorie

Dës Woch stinn e puer vun eisen eelste Bewunner bei SERVIOR am Mëttelpunkt vun enger Reportage iwwert Mënschen déi 100 Joer al sinn. Och eis Doyenne bei SERVIOR kënnt an der Coverstory vun der aktueller REVUE – “Langes Leben – Hundertjährige im Porträt” – zu Wuert: D’Madamm Louise Spirckel-Zwick. Liest hei de spannende Portrait vun enger Cliente, déi virum 1. Weltkrich op d’Welt koum!

“Ech hunn ëmmer gär Mëllech gedronk!”, dixit Louise Spirckel-Zwick

Wat huet eis Bewunnerin Louise Spirckel-Zwick aus dem SERVIOR-Haus “Um Lauterbann” mat der däitsch-éisträichescher Schauspillerin Marika Rökk, dem franséische Schrëftsteller Albert Camus an dem englesche Komponist Benjamin Britten gemeinsam? Alle véier hu si am November 1913 Gebuertsdag. Den Ënnerscheed : D’Madamm Spirckel-Zwick feiert am November hiren 106. Gebuertsdag. Et kann een dat bal net gleewen, wann ee bei Doyenne vun de SERVIOR-Bewunner an d’Zëmmer kënnt. Do sëtzt déi rüsteg Seniorin virum Dësch d’Zeitung ze liesen. “Ech hunn ëmmer gär gelies. Vu Kand un läit e Buch op mengem Nuetsdësch”, verréit eis d’Madamm Spirckel-Zwick, déi sech gär un hir onbeschwéiert Kandheet erënnert. “Un d’Kannerzäit erënnert ee sech ëmmer gär”, an da laacht si wa si dovunner schwätzt, wéi si am Seel gesprongen ass. “Mat Vitesse hu mir d’Seel gedréit”, betount déi 1913 gebuere Seniorin an erkläert: “Vitesse ass dat éischt franséischt Wuert wat ech kennegeléiert hunn“. Anescht wéi haut konnten d’Kanner fréier iwwerall spillen, erzielt d’Louise Spirckel-Zwick.

Aus hirer Kandheet erënnert si sech dru wéi hire Papp an d’Zëmmer komm ass an hirer Schwëster an hir gesot huet, datt si e klenge Bridderche géife kréien. “Eis Papp huet eis gefrot wéi de Bridderchen da soll heeschen…a mir hunn Alphonse gesot!”. Där 106-järeger Madamm hir Ae blénken, wa si erzielt, datt si hirem Papp keng Rou gelooss hätt, bis si en Hond kritt hat.

Vun der Bewunnerin, déi säit 2014 am SERVIOR-Haus “Um Lauterbann” wunnt, gi mer nach gewuer, datt si eng Virléift fir réi Mëllech huet: “Ech hunn ëmmer gär Mëllech gedronk!”. Datt si awer lo och Waasser drénkt, interpretéiert si mat dëse Wieder : “Wësst Dir, et gewinnt ee sech un alles“. Hiert Liiblingsiessen sinn Nuddelen mat Schwäizer Kéis.

Op d’Fro wat hiert Geheimnis ass fir iwwert 100 Joer al ze ginn, seet si : “Dat ass einfach sou komm!”. “Ech hunn elo vill Zäit fir ze liesen”, ënnersträicht d’Louise Spirckel-Zwick, déi ni Auto gefuer ass, mä dofir vill Liewensgeschichten a Form vu Bicher gelies huet. Wéi mer der Madamm Spirckel-Zwick déi nei Broschür “Den Alter liewen” vu SERVIOR op franséisch ginn hunn, du sot si ganz spontan : “Hutt Dir dat net op däitsch? Wësst Dir, et ass méi einfach!“.

Ab 100 Joer ginn et all Joer Blummen vun der “Amicale Altersheem Nidderkuer”– an eng Bees vum President vun der Amicale. “Dat ass wuel d’Geheimnis datt déi meescht Leit iwwert 100 Joer bei SERVIOR am Cipa zu Nidderkuer wunnen”, behaapte Membere vun der Amicale.

D’Madamm Spirckel-Zwick ass iwwregens eng vu 16 SERVIOR-Bewunner déi iwwer 100 Joer al sinn. Bis zum Schluss vum Joer wäert SERVIOR nach mat weideren zwee honnertjäregen Dammen ustousse kënnen.

Am Moment liewen am Grand-Duché eng 70 Leit iwwer 100 Joer. Weltwäit sinn et der 533.000. 80% si Fraen an d’Zuel wäert an den nächste Joren nach klammen.

Eng Reportage iwwert 100-järeg Bewunner bei SERVIOR fannt Dir an der REVUE vum 16. Oktober 2019 (Nr. 42).

Image Revue 16 Oktober 2019

Skip to content