Nidderkuerer Viz vum Lauterbann

08/11/22 | Aktualität

110 Kilo Äppel waren d’Bewunner vum SERVIOR Um Lauterbann, hannert d’Haus an hire Park plécken an oprafen.

Well si awer net all mat konnte goen an d’Fabrick op Dikrech, wou d’Äppel gepresst gi sinn, hunn si sech beim Bauer Guth zu Héiweng, mat engem klengen Deel vun den Äppel, dëse Kelter-Prozess erkläre gelooss.

40 Fläsche frësche Viz sinn duerno hiergestallt, agefëllt a verkapselt ginn.

D’Bewunner haten sech awer nach d’Freed gemaach fir d’Etikett ze bastelen an op d’Fläschen ze pechen. Nieft dem Viz ass awer och séisst Kompott gekacht ginn.

All dës regional an handgemaache Produite gëtt et och am SERVIOR Um Lauterbann an der Epicerie ze kafen…

Skip to content