Moudendefilé zu Mailand, Paräis, Iechternach…. JO, Iechternach!

21/11/21 | Aktualität

…an zwar am SERVIOR-Haus “Belle-Vue”, wou am Kader vun den “Italienësche Wochen” de Kleedermoart an en aktiivt a participatiivt Moude-Erliefnis fir matzemaachen ëmgestallt ginn ass.

Déi richteg a modern Tenue’en si vum Coiffeur an dem Maquillage nach méi ervirgehuewe ginn an hunn esou dëse moudeschen Dag zu engem ganz besonneschen Erliefnis gemaach. 10 Bewunner, begleet vun 8 Mataarbechter, hunn sech op de “Catwalk” getraut a si sinn virun hire Matbewunner defiléiert, fir sou déi ugesoteste Kollektiounen ze presentéieren.

Domadder war et nach net gedoe well en uschléissende Fotoshooting op der Italienescher Vespa hunn den Dag als Modell komplett gemaach.

En eemolegt an emotionaalt Erliefnis dat bei munch engem souguer fir Freedentréine gesuergt huet. “Ech wollt schonn ëmmer emol sou no nee gemaach sinn, mat där flotter Coiffure an dem Maquillage” huet een héiere soen.

Nach Deeg duerno war dësen Dag d’Thema Nummer 1 am Haus. Verschiddener droe säit deem Dag d’Hoer e bëssen anescht… 😉

Skip to content