“Mir sinn déi selwecht Generatioun wéi de Grand-Duc Jean” : Brief der Bewohner des SERVIOR-Hauses “Grand-Duc Jean” aus Düdelingen

30/04/19 | Catégorie

Anlässlich des Ablebens unseres ehemaligen Landesfürsten haben sich die Bewohner im SERVIOR-Haus “Grand-Duc Jean” in Düdelingen in einem persönlichen Schreiben an Grossherzog Henri gewandt. In dem 2007 errichteten Cipa, das vom beliebten Monarchen am 13. Dezember 2007 besucht wurde, liegt ein Kondolenzbuch aus, wo sich die Bewohner und Mitarbeiter des Seniorenheimes eintragen und ihre persönliche Anteilnahme zum Ausdruck bringen können.

Hier der Wortlaut des handgeschriebenen Kondolenzschreibens der Bewohner des SERVIOR-Hauses “Grand-Duc Jean” aus Düdelingen :

Dudelange, 26. Abrëll 2019

Monseigneur Grand-Duc Henri,

Mir Pensionären aus dem Cipa Grand-Duc Jean vu Servior zu Diddeleng, hu mat vill Emotioun d’ Noriicht héiere vum Dout vun der Altesse Royale dem Grand-Duc Jean.

Mir sinn déi selwecht Generatioun wéi de Grand-Duc Jean, an hu Säi Liewen a Wierken, wat Hien dem Lëtzebuerger Land a senge Leit mat Engagement a Mënschlechkeet gewidmet huet, mat vill Sympathie verfollegt. Eis Heemecht huet iwwert all déi Joren e grousse Wandel mat gemaach, an de Grand-Duc Jean war ëmmer eng Konstant, a gudden an a méi schlechten Zäiten, déi vir Zesummenhalt gesuergt huet.

Mir sinn houfreg Hien als Grand-Duc gehat ze hunn.

Hien wäert awer och an Zukunft mat eis, an all deenen déi no eis kommen, verbonne bleiwen, wëll eise Cipa Säin Numm dréit. Wou am Joer 2007 dat neit Gebai ageweit ginn ass, war de Grand-Duc Jean eis besiche komm, wat eis immens vill Freed gemaach hat. Mir denken och haut nach gären, a mat Houfert, u Säi léiwe Besuch zeréck. D’ Plaquette mat Sengem Numm, an der Entrée vun eisem Haus, wäert och nach an Zukunft un de Grand-Duc Jean erënneren.

Mir wëllen Iech Monseigneur, an der ganzer groussherzoglecher Famill, eist häerzlecht Matgefill ausdrécken, vir de grousse Verloscht vun Ärem léiwe Familljemember.

 

Am Numm vum Heemrot an de Bewunner

vun Cipa Grand-Duc Jean Diddeleng

Trauer am Cipa Grand-Duc am LW 2 Mee 2019