“Merci fir dee flotten Accueil”

15/09/22 | Aktualität

Den 1. August hunn eis Bewunner a Mataarbechter aus de 15 SERVIOR-Haiser dat neit “𝗦𝗘𝗥𝗩𝗜𝗢𝗥 𝗝𝗼𝘂𝘀𝗲𝗳𝘀𝗵𝗮𝘂𝘀” vu Réimech mat sengen 120 Bewunner a sengen 140 Aarbechtskolleeginnen an Aarbechtskolleege mat engem groussen #WëllkommJousefshaus bei SERVIOR begréisst.

D’Ekipp vum Réimecher “SERVIOR Jousefshaus”, stellvertriedend fir all Bewunner a Mataarbechter seet haut: “𝗠𝗘𝗥𝗖𝗜 𝗳𝗶𝗿 𝗱𝗲𝗲 𝗳𝗹𝗼𝘁𝘁𝗲𝗻 𝗔𝗰𝗰𝘂𝗲𝗶𝗹”.

SERVIOR, zesumme mat sengen 2.330 Mataarbechter, këmmert sech säithier alldeeglech em d’Wuelergoe vu bal 1.800 eelere Matmënschen, déi an elo 16 Haiser a bal dem ganzen Land wunnen, dëst ënnert der SERVIOR-Devise: “Den Alter liewen”.


Skip to content