Konscht kënnt keen Alter

03/11/22 | Aktualität

De 15. a 16. Oktober huet am Iechternacher SERVIOR Belle-Vue en Konscht-Festival stattfonnt: 9 verschidde Kënschtler hunn an ënnerschiddleche Work-Shop’en hir Passioun virgestallt an d’Bewunner kruten all méiglech Erklärungen oder konnte selwer Hand uleen.

Dëst waren:

– M. Afrim Kurtisi Mataarbechter am Belle-Vue mat senger Holzschnëtzerei

– Mme Nathalie Jost: keltesch Musek op der Harf, Gittar a verschidde Fluten

– Mme Goniva Antoinette geschneidert Poschen aus Kork

– Mme Goniva Liliane geheekelt Poppen

– M. Rapahaël Neumann a Kolleegen, déi 4 Conservatoire Schüler hunn mat enger Jam-Session begeeschtert

– Kaarten zesumme gebastelt mat eiser Mataarbechterin Mme Marianne Jaminon

– Schëitzereien aus Lieder mam Bewunner M. Antoine Gruber

– gemoolte Biller a Workshop mat der Mme Mariette Bintener

– Billerausstellung an der Kapell vum M. Jürgen Theisen

Alles an Allem en ofwiesslungsräichen an interessante Festival, wou villes gebuede war a munchereen eventuell en neien Hobby fir sech entdeckt huet. 

Skip to content