“Hutt Dir Angscht virun engem neie Krich?” Schüler vum Cents treffen de Rosch Krieps an aner Bewunner aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum”

07/06/19 | Catégorie

Um 75. Joresdag vum D-Day konnten d’Bewunner aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum” zesummen mat 31 Schüler aus der Centser Grondschoul eng ganz besonnesch Geschichtsstonn erliewen. De fréiere Journalist Rosch Krieps, Joergank 1926, huet seng Erënnerungen an Erfarungen als Jugendlechen am 2. Weltkrich mat engem interesséierte Public gedeelt, deen sech an der Jugendherberg am Pafendall extra fir déi Seance afonnt hat. De Rosch Krieps, deen zesumme mat senger Fra op der Rhum wunnt, huet verschidden Episoden aus sengem Buch “Denkwürdigkeiten eines bewegten Journalistenlebens” virgelies a sech de Froen vun den 12-järege Schüler aus dem Zyklus 4.2. gestallt. Zesumme mat hirem Léierpersonal haten d’Schüler pertinent Froen preparéiert, déi den Här an d’Madame Krieps befligelt haten, fir hir Alldagserfarungen an Ängschten aus de Joren 1940-45 an déi Geschichtsstonn eranzekomplimentéieren.

De Rosch Krieps huet erzielt wéi hien als Schüler am Kolléisch gesinn huet, wéi d’Nazi d’Gëlle Fra-Statue vum Sockel geholl hunn a wéi hien revoltéiert war, wéi e Professer op Groussherzoginsgebuertsdag den Hitlergrouss an der Klass gesot hat. D’Madame Krieps, déi d’Krichsjoren zu Ettelbréck verbruecht hat, huet erwäänt datt een am Schoulhaff d’Klassekomeroden einfach mam Familljennumm geruff huet, well ee sech geschummt huet fir den däitsche Virnumm ze ruffen, deen d’Nazis engem octroyéiert haten.  Zesumme mat senger Fra huet de Rosch Krieps e formidablen Témoignage iwwert déi Zäit ofginn, wéi Lëtzebuerg “de facto” vun Nazi-Däitschland annexéiert gouf.

No der Liesung koumen d’Schüler an d’Bewunner vum SERVIOR-Haus “Op der Rhum” spontan an d’Gespréich an d’Kanner haten nach en etlech Froen un déi eeler Semester. A well een net all Dag mat Leit zesumme kënnt déi zum Beispill 1919 gebuer sinn, wollt een als Souvenir och e Selfie. D’Bewunner vun der Rhum hunn den Austausch appreciéiert a sech gewënscht, déi jonk Frënn méi oft op Besuch ze hunn.

No der Liesung huet de Rosch Krieps d’Zesummenaarbecht mat den Centser Schoulkanner als “grousse Glécksfall” bezeechent a sot : “Mir fillen eis a Gesellschaft mat Jonken erëm selwer jonk a kommen gutt mat hinnen zuwee. Dofir ass et mir och net schwéier gefall, op hir sëllechen Froen ze äentweren. Well ech mat  14 Joer den däitschen Iwwerfall erliewt hat, wollt ech derzou bäidroen, datt esou e Misär dene Jonken  vun Haut erspuert bleiwt. Ech hu meng Liesung mat Freed ënnerbrach, wéi ech gesouch, dat si Säiten iwwer Säiten voll Froen op Lager haten. Nodeems ech den Débat lancéiert hat, ass et mir net schwéier gefall, hinnen d’Wuert ze loossen. Hire Schoulmeeschter, den Här Joe Wirtz, huet sech diskret am Hannergrond gehal, mee hien hat se esougutt gebrieft, datt hie se roueg konnt aleng viru fuere loossen”.

De Rosch Krieps huet déi Séance en hommage vu sengem Centser Kolleg Jean-Claude Asselborn (1945-2011) gehalen.