
Am SERVIOR-Haus “Um Lauterbann” zu Nidderkuer goufe kierzlech 19 Bewunner geéiert, déi an de Méint Januar bis Juni 2019 e ronne Gebuertsdag feiere konnten. D’Amicale ronderëm hire President Jean-Louis Weber an den Direktiounsbeoptraagten Claude Parisi waren houfreg fir de Senioren am Alter tëschent 65 an 102 Joer déi bescht Gléckwënsch kënnen ze iwwerbréngen. D’Jubilare kruten net nëmmen e Kaddo, mä och nach frësch gebaakten Eisekuchen vun der Amicale Altersheem Nidderkuer. Fir déi richteg Stëmmung huet den Orchester “Trio Aurora” am Festsall vum Cipa gesuergt. Am SERVIOR-Haus zu Nidderkuer, wou ronn 150 Senioren hiert Doheem hunn, si geéiert ginn:
65 Joer
Mme CARMES Nelly
80 Joer
Mme COMIS-MATHIAS Jeanne
M. HIPP Gaston
Mme DEL TOE-SCHILTZ Elisabeth
Mme BACKES-OLSCHAK Waltraud Margarete
Mme DOTSCH-Höveler Katharina
85 Joer
M.FETLER Justin
Mme MEYERS-LANG Marie-Thérèse
Mme STEFANETTI-PLACIDI Pia
M. WASSNICH Guillaume
Mme RODERES Maria
90 Joer
Mme GUELFF-MULLER Marie-Therese
Mme HANTEN-NOESEN Lucette
Mme GRUNEISEN-THEIS Louise
Mme BERMER-KLEIN Caroline
Mme D’ORAZIO-PALUMBO Luigina
95 Joer
M. BAUSCH Jean-Baptiste
Mme DI GIULIO-RANTE Pasquina
102 Joer
Mme FRISCH-CALMES Annie