
E Bréif vun der Rhum gëtt Abléck an en historesch wäertvollt Altersheem
D’Rhum ass mat hiren zéng Gebaier eent vun de gréissten Altersheemer vun eisem Land. Alles leeft hei wéi um Schnéierchen. Vun der Direktioun bis bei d’Botzmeedercher ass dat ganzt Personal ëmmer frëndlech an op Drot.
Als „Insassen“ profitéieren den Ablack 196 al Mënsche vun der Rhum hirer gutt arodéierter Organisatioun. Sozial gesinn ass d’Rhum e „Gläichmécher“, well do si souwuel déi Leit, déi héich Funktiounen an hirem Beruff haten, net méi wéi déi aner, déi „kleng Leit“. Seele sinn déi, déi sech mat hirem fréiere Rang uriede loossen. Jidderengem säin éierlechen Numm ass seng héchst Auszeechnung.
Och d’Personal vun der Rhum kennt d’Leit all mat hirem Numm a ried se net mat hire fréiere Beruffsfonktiounen oder hiren Titelen un. Bei den Zëmmerdiere stinn nëmmen de Virnumm an de Familljennumm vun deene Leit, déi bannent der Dier wunnen. Ob d’Leit dobannen zefridde sinn oder net, ass net baussent der Dier ze gesinn.
Dat hänkt och net vum Altersheem of an och net vum Fleegeheem, mee vun den Ëmstänn vun de Pensionäre selwer, virun allem vun hirer Gesondheet a vun hirem Elengsinn oder nach mat hirem Partner oder der Partnerin zesummen.
D’Rhum huet e formidabele medizineschen Déngscht mat regelméissegem Dokteschbesuch, mat esou vill Infirmièren an Aide-soignanten, datt ee se ni all kenneléiert. Si kommen déi Krank mueres wäschen an undoen, ginn hinnen hir Medikamenter an all aner Behandelungen a kommen owes, fir hir Patienten an d’Bett ze leeën. Si hunn de Schlëssel fir all Dieren a brauchen net ze schellen, fir eragelooss ze ginn.
D’Nimm bei den Diere si getrennt, och wann d’Koppelen nach beienee sinn. Stierft deen een, ka jee nom Wonsch vum Wittmann oder der Wittfra säin Numm vum Schëld erofgeholl ginn, e kann awer och drop bleiwen.
Déi Verstuerwe kënnen an der Morgue oder an hirem Zëmmer opgeboort ginn. Hiren Numm gëtt an e Kondolenzbuch mat hirer Foto an hire Liewesdaten agedroen. Op der fräier Säit vum Buch ass Plaz fir der Famill an de Bekannten hiren Äddi. Och dëse leschten Déngscht ass fir jiddereen d’selwecht, ob arem oder räich, ob gleeweg oder net.
An der Kapell ka fir all Religioun e Läichendéngscht gehal ginn. Op der Rhum gëllen d’Neutralitéit an d’Diskretioun bis an d’Graf. Nëmmen e Kierfecht gëtt et op der Rhum keen. Si ass jo do fir déi Lieweg an net fir déi Begruewen. Mee d’Rhum huet en eegent Graf um Kierfecht vum Zens fir déi Leit ouni Famill oder déi sech keen eegent Graf leeschte kënnen.
Ech wollt mat dësem „Bréif vun der Rhum“ deenen ale Leit eng Stëmm an der Press ginn an zugläich der Baussewelt e klengen Abléck an d’Liewen an an d’Stierwen op der Rhum.
Dëst schéint an historesch wäertvollt Altersheem kann ech nëmme luewen a jiddwerengem fir säin alen Dag recommandéieren no der Devise vu Servior: „Den Alter liewen“.
Rosch Krieps,
Lëtzebuerg
Luxemburger Wort vom Samstag, 9. März 2019, Seite 15