“Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht” vun Dikrech op Iechternach fir déi 1. SERVIOR-Randonnée

19/09/19 | Catégorie

Zwee SERVIOR-Haiser souwuel mam Vëlo wéi mat engem flotten Event fir d’Personal ze verbannen: Dat war Zil vun der éischter SERVIOR-Randonnée vun Dikrech op Iechternach. Bei spéitsummerlechen Temperature vu 26 Grad sinn e leschte Weekend eng 21 Cycliste laanscht d’Sauer gefuer – net vun A op B, mä vu B(ei der Sauer) op B(elle-Vue). D’Randonnée war nämlech eng gemeinsam Initiative vun dem Personal vun de SERVIOR-Haiser “Bei der Sauer” a “Belle-Vue”. D’Cyclisten – dorënner och eng Partie Kanner – waren all am SERVIOR-Trikot, wéi si op der Streck tëschent der Ardennerstad an der Abteistad ënnerwee waren. Um Schluss vum Parcours gouf all Participant mat enger gudder Spaghetti belount, déi zu Iechternach op der Terrasse vum Cipa “Belle-Vue” zerwéiert gouf. “De Spaass an de Sportsgeescht stoungen am Mëttelpunkt. Zil war et fir unzekommen, wat och all Participant gegléckt ass. E bësschen duerch Zoufall sinn déi grouss a kleng Cycliste géint 13.30 Auer am Haff vum ‘Belle-Vue’ ukomm”, sou den Dan Katzenmeier, deen déi Randonnée mat organiséiert hat. Zefridde Gesiichter goufen et deemno bei de Participante wéi bei den Organisateuren.

DSCN2736 DSCN2731 DSCN2725 DSCN2720 DSCN2714 DSCN2712 DSCN2709 DSCN2696