
Am Kader vun der Gaardeparty, mam Thema 20 Joer SERVIOR, déi de 16. Juni am CIPA “Grand-Duc Jean” gefeiert gouf, huet d’Amicale Gëlle Joren eng extra Tombola verloust: eng Faart mat engem Ballon.
Kuerz virun 20:00 Auer war et esou wäit. Vill Bewunner waren nom Owesiessen nach eng Kéier an de Park komm vir sech de Spektakel unzekucken. D’Wieder war perfekt, de Publikum gespaant an d’Gewënner konnten et net méi erwaarden.
An dunn ass et relativ séier gaangen, de Kuerf gouf ausgelueden, de Ballon ausgerullt, an de Ventilator huet en opgeblosen. Wou en grouss genuch war koum de Gas-Brenner an den Asaz. Ënnert den Ae vun de Pensionnairen, der Amicale an dem Personal huet sech dee risege Ballon opgeriicht, an d’Passagéier konnten an de Kuerf klammen. Esou sinn 3 Persounen, nach dee selwechten Owend am Park vum CIPA, ganz douce an ouni Kaméidi, mam Ballon ofgehuewen.
Ënnert de Gewënner war och den Här Joseph Kirchen (87). Hien hat sech net erwaart, a sengem Alter, sech dësen Dram nach kënnen ze erfëllen. No senger Landung, huet hien eis, mat glënneren an den Aen, vu sengen Andréck erzielt:
“D’Vue war immens: déi wäiss Kéi gesinn aus wéi Champignonen, déi geploute Felder wéi Biller an d’Beem wéi Hecken.
Déi Rou do uewe war e Genoss, an et hat een dowéinst och net den Androck ze fueren. Réischt wann een de Schiet vum Ballon um Buedem gekuckt huet, konnt ee sécher sinn dass e vun der Platz koum.
Et war eng Punktlandung, an de Kuerf ass net emol getippt. Wann een eraus klëmmt muss een de Kuerf weiderhin unhalen, soss flitt e fort.
Et war einfach fantastesch, an dofir fléien ech dëse Summer nach eng Kéier, zesumme mat menger Famill.”
Text vum Antonia Schmit
Cipa “Grand-Duc Jean”, Diddeleng