De “Bësch” um Moies-Programm zu Esch “Op der Léier”

30/03/21 | Aktualität, Uns geht es gut

Mat den Hänn Blieder an Äscht erfillen, fir sou den Taaschtsënn ze stimuléieren – E Quiz mat Froen iwwer d’Bëscher an d’Beem ronderëm d’Welt – Zesumme mat Fangerfaarwen d’Blieder un de Bam molen…

“Op der Léier” zu Esch ass de Moien de Bësch thematiséiert ginn an dofir haten eis Mataarbechter vun der Animatioun an dem Encadrement e puer flott Beschäftegunge fir hier Bewunner preparéiert, fir sou iwwer dësen “Internationalen Dag vum Bësch” ze schwätzen.

E flotten an ofwiesslungsräiche Moien, deen de Bewunner fill Freed gemaach huet an nom Effort ass  selbstverständlech mat engem Apero ofgeschloss gin, ier et op de Mëttesdësch gaangen ass.

Skip to content