Och fir d’Amicale vum Fleegeheem “Schlassbéck” zu Veianen war dat läscht Joer villes anescht wéi gewinnt:
Och wann si gehollef hunn wou si konnten, war et awer net dat selwecht: den Ausfluch mat de Bewunner op der “Marie-Astrid” ass an d’Waasser gefall, dat traditionellt Summerfest konnt net organiséiert ginn, Chrëschtdag ass méi kleng ausgefall an un deen allsäits beléiften “Thé dansant” war net ze denken.
An obwuel all des Aktivitéiten net ënnert der bekannter Form konnte stattfannen, sou waren si awer permanent am Hannergrond aktiv, dëst mat klengen a grousse Gesten:
D’Bewunner hunn sech iwwert en neien Therapievelo konnte freeën a jidderee krut och en neie Fön geschenkt.
D’Ergotherapeute konnten neit Material mat de Bewunner ausprobéieren a fir de Stockage vum Material goufen nei Boxen organiséiert.
Eng besonnesch grouss Freed fir d’Bewunner war déi nei Indoor-Keelebunn, déi och mam Rollstull ka bespillt ginn, an d’Mataarbechter hunn sech iwwert e Bong fir e gutt Iesse gefreet.
D’Bewunner an d’Mataarbechter vum “Schlassbléck” soen hirer Amicale vun Häerzen “e grousse Merci” an hoffen dass geschwënn erëm méi gemeinsam Momenter wäerte méiglech sinn.