Cipa “Um Lauterbann” zu Nidderkuer feiert 20 Joer SERVIOR mat Mullen a gudder Stëmmung

25/10/19 | Catégorie

Am Kader vum 20. Gebuertsdag vu SERVIOR, gréisste Prestataire zu Lëtzebuerg an der Betreiung vu Senioren, hu sech Bewunner, Famill, Frënn a Mataarbechter am Festsall vum Cipa “Um Lauterbann” afonnt fir e sympatheschen Owend zesummen ze verbréngen. A senger Begréissungsried huet den Direktiounsbeoptragten Claude Parisi drop higewisen datt zwee Mol am Joer d’Familljen a Frënn vun de Pensionnairen invitéiert sinn fir sech ronderëm e gudde Maufel mateneen auszetauschen. Besonnesch gefreet huet sech de Claude Parisi iwwert d’Präsenz vun der Amicale, déi sech wärend dem Joer mat vill Engagement am SERVIOR-Haus abréngt.

Um Menü stounge Mulle mat Fritten, déi am Dëppen vun der Equipe aus der Economie domestique zerwéiert goufen. Wärend d’Bewunner an hir Gäscht sech de populäre belsche Plat, deen eng éischte Kéier zu Léck am Joer 1875 preparéiert gouf, gutt schmaache gelooss hunn, huet de Rol Girres dem Charles Trénet säin Tube “La mer” ugestëmmt. Nom Iessen hunn d’Leit kräfteg bei dem Lëtzebuerger Repertoire matgesongen a matgeschunkelt. Spontan hunn d’Invitéeën Loftballone, déi fir 20 Joer SERVIOR realiséiert goufen, duerch d’Loft gehäit an et war eng gutt Stëmmung am Sall. Zum Ofschloss gouf et och nach fir jiddereen e klenge Kaddo aus Schockela.

Skip to content