Chrëschtdags-Message vu SERVIOR a vun der Familljeministesch un d’Mataarbechter, d’Bewunner an hir Familljen

21/12/21 | Aktualität

Léif Bewunnerinnen, léif Bewunner, léif Familljen,

Léif Mataarbechterinnen, léif Mataarbechter,

Léif Partner,

am Numm vum Verwaltungsrot a vun der ganzer Direktioun vu SERVIOR soen ech Iech, de Bewunner vun eise 15 Wunnheemer, grad wéi Iech, de Clientë vum “Iessen op Rieder” an dem Dagesfoyer, an och Iech, de Familljen e grousse Merci fir Äert Vertrauen an eisen Encadrement an an eis Servicer, déi mir zum Wuel vun eisen eelere Matmënsche leeschten.

All eise Mataarbechter soen ech e grousse Merci fir ären Engagement an ären onermiddlechen Asaz iwwert dëst ganz Joer. Wann eis Bewunner sech bei eis gutt versuergt an opgehuewe fillen a wann si bei eis hiren Alter kënne liewen, dann ass dat virun allem iech ze verdanken.

Och eise Partner soen ech och e grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht iwwert déi läscht 12 Méint.

An dësem Kontext freet et mech ganz besonnesch, dass eis Familljeministesch, d’Madamm Corinne Cahen, eis ALL hire Merci an hier Wënsch fir d’Chrëschtdeeg an dat neit Joer perséinlech an hirem Videomessage ausdréckt:

Mir wënschen Iech alleguerten, Äre Familljen a Frënn, schéi Feierdeeg an ee gutt neit Joer !

Fir SERVIOR,

Alain Dichter
Generaldirekter

Skip to content