
An nees war d’Iechternacher Sprangprëssessioun op Péngschtdënschdeg e groussen Erfolleg an eng Beräicherung fir Jonk an Al. Bäi guddem Wierder waren ganzer 10000 motivéiert Sprénger um hellegen Dag dobäi, 1000 méi wéi am leschten Joer. Lass gaangen ass et am Schoulhaff vum Lycée Classique. Am Takt vun der Musek, ass dunn a Reien duerch d’Stroossen vun der Stad bis hin zum Graf vum Hellegen Willibrord an der Iechternacher Basilika gespronge ginn. Nieft deene ville Sprénger, hunn och vill Visiteure un der Sprangprëssessioun deelgeholl. Ganzer 100 Plazen goufen beim alen Zoll fir d’SERVIOR Bewunner reservéiert. Mee net nëmmen d’Bewunner aus dem Belle-Vue hu begeeschtert nogekuckt, och si vill aner SERVIOR Haiser deen Dag op Iechternach gefuer komm fir op dësem reliéisen Dag kennen dobäi ze sinn. No zwou Stonnen ass et dann zesummen an de Festsall vum Belle-Vue op den Mëtteskascht gaangen. Vun 75 Gäscht, waren 58 mat iessen, woubäi den Här Jacobs d’Leit all perséinlech begréisst huet. Nom Iessen ass et dann gemittlech op d’Heemrees gaangen, a mir sinn gespaant wéi vill Leit am nächsten Joer wäerten op der Iechternacher Sprangprëssessioun dobäi sinn.
Text a Fotos: Dan Katzenmeier, SERVIOR-Cipa Belle-Vue