Bei SERVIOR mäi Beruff fir d’Liewen fannen ?

26/01/22 | Aktualität, Kategorie

Säit iwwer 20 Joer këmmert SERVIOR sech em entretemps 1650 eeler Matmënschen, dëst a 15 Wunn-Haiser, mat der Hëllef an dem Asaz vun iwwer 2.200 Mataarbechter (dovunner iwwer 70% an de Fleeg- a Betreiungsberuffer).

Confortabelt a rassuréiert Wunnen, raffinéiert an adaptéiert Iessen, ofwiesslungsräich a variéiert Aktivitéiten, dëst as just d’Spëtzt vum Äisbierg.

Mat sengen iwwer 2200 Mataarbechter ass SERVIOR ee vun de 15 gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg.

SERVIOR ass en Etablissement public, leed Wäert op déi lëtzebuergesch Sprooch a bidd all senge Mataarbechter d’Méiglechkeet des ze léieren.

D’Profiller déi bei SERVIOR permanent gesicht ginn si ganz villfälteg an op 3 grouss Domänen ze resuméieren: “Fleeg a Betreiung, Restauratioun an Hotellerie, Technik an Administrativ”.

Besonnesch en vue vun der Ouverture vun eisem neien Haus “WOIWER”, dat nom Summer zu Déifferdeng seng Diere wäert opmaachen, siche mir nei Mataarbechter, déi sech em d’Wuelergoe vun deenen 200 eelere Matmenschen wäert këmmeren.

SERVIOR proposéiert senge Mataarbechter nierft dem SAS-Kollektivvertrag nach vill aner Avantagen.

Bei SERVIOR gëtt Formatioun a Fidelisatioun grouss geschriwwen, all Mataarbechter kann a soll sech permanent weiderentwéckelen a ka Responsabilitéiten iwwerhuelen an u sengen Tâchë wuessen. Doduercher dass SERVIOR am ganze Land vertrueden ass, ass och eng geographesch Flexibilitéit méiglech.

Wann och du wëlls Deel sinn vun enger grousser Liewencommunautéit, déi stänneg evoluéiert, da mell dech elo fir “däin Beruff fir d’Liewen, mat engem Klick op jobs.servior.lu

De Jérôme Gangloff, Chef de Division RH vu SERVIOR erkläert am video wien den Employeur SERVIOR ass a wat e potentiellen Mataarbechter bei SERVIOR kann fannen.

Skip to content