90% vun de Bewunner an 90% vum Personal eng zweete Kéier am « Schlassbléck » geimpft

02/03/21 | Aktualität, Covid19

« Alters- a Fleegeheemer esou gutt wéi duerchgeimft » ass d’Iwwerschrëft vum RTL-Reportage fir deen de Journalist Pierre Weimerskirch sech d’Organisatioun an d’Koordinatioun vun der 2. Impfung am Fleegeheem « Schlassbléck » zu Veianen ukucken komm ass.

Eng mobil Unitéit vun der Santé, ennert der Coordinatioun vun der Madamm Sally Schroeder an ënnert der Opsiicht vum Dr Enrico Randazzo, war op Veianen komm, fir Bewunner a Mataarbechter eng 2. Kéier géint Covid-19 ze impfen.

« Ech géif och jidderengem soen e soll sech impfen loossen. Ech hat guer keng Probleemer, näischt. Keen Aarm wéi, näischt. An dofir, dat ass tipptopp sou ! » sot d’Madamm Holga Gillen, 83 Joer, déi zu Veianen am Schlassbléck wunnt.

An den Dr Randazzo confirméiert d’Devise #tousvaccinéstousprotégés vu SERVIOR andeems hien erkläert huet « Le plus les personnes sont vaccinées, le moins il y aura des circulations du virus, c’est évident ».

X
Skip to content