Eng perséinlech Touche um « internen » Chrëschtmaart zu Dikrech « Bei der Sauer »

16/12/20 | Aktualität

D’Amicale vum SERVIOR-Haus « Bei der Sauer » hat sech eppes spezielles afalen gelooss: Als klengen Kaddo mat perséinlecher Touche, si personaliséiert Chrëschtbullen, handgemoolt,  agepaakt an engem klengen Haischen, un all Bewunner, mat sengem Numm, verdeelt gin.

Bei dësem « internen » Chrëschtmaart hunn frësch Eisekuchen, waarme Glühwäin, Wirschtercher an aner Schneekegkeete net dierfen feelen a goufen vun de Mataarbechter an der Equipe dirigeante – als Merci – fir all d’Bewunner zoubereet.

Handgemaache Chrëscht-Accessoirë konnt een natierlech och op engem spezielle Stand vun der Amicale fannen.

Un de freedege Reaktioune vun de Bewunner, awer och um Strale vun den engagéierte Mataarbechter erkennt een, dass dëst zwar en « aneren », an awer e ganz gelongene Chrëschtmaart zu Dikrech « Bei der Sauer » war.

X
Skip to content