
All Joer si wärend der grousser Schoulvakanz eng Ronn 200 Schüler a Studenten an de verschiddene Strukture vu SERVIOR am Asaz, an dat an de Beräicher Animatioun, Soutien a Soins bei de Clienten, esou wéi an der Restauratioun, Administratioun an am Service technique.
SERVIOR gëtt esou jonke Meedercher a Jongen d’Méiglechkeet, an deene verschiddene Beruffer hir éischt Erfarungen ze sammelen an d’Panoplie vun den alldeegleche Gester am Kader vun dem Encadrement vu Senioren kennenzeléieren.
Dofir ass et fir SERVIOR ganz wichteg dat d’Schüler an d’Studenten eng kleng Formatioun kréien, déi den Qualitéitskritäre vu SERVIOR entsprécht an hinnen och am Alldag bei hirer Aarbecht hëlleft – an dat ganzt nom Motto vum gréisste Prestataire zu Lëtzebuerg an der Begleedung vun eelere Mënschen “den Alter liewen”. An deene 15 Wunnstrukture vu SERVIOR ginn eng 1750 Leit betreit.