20 Joer SERVIOR an en neien Auto fir d’Haus “Op der Léier” zu Esch – En Temoignage vun enger Bewunnerin

09/07/19 | Catégorie

Den 2. Juli hate mir eng Sortie mam neien Auto a super Chauffeuren. Mir hunn de Centre de tri vun der POST zu Beetebuerg besicht, wou eis d’Verdeele vum Courrier virgefouert ginn ass.

Wat eng Aarbecht, dat ass net ze beschreiwen – dee laange Wee deen e Bréif hannert sech huet,bis deen ukënnt. Esouguer eng falsch Adress gëtt mam Computer richteg erausfonnt. Dat Ganzt e Kaméidi: Maschinnen donneren an dréien op an of a ronderëm. Fläisseg Hänn sortéieren, banne Päck, chargéieren a fëllen de Montage. Kartongskëschten ginn zerrappt an opgeluede fir de Recycling. Do kritt ee Respekt, wat et heescht um Fliissband an am Akkord ze schaffen! All 50 Minutten eng Paus a weidergefuer: Chapeau deene Leit, déi hei schaffen! No 1 1/2 Stonn war den Tour vum Gebai gemaach a mir soen dem Här Welter Merci fir d’Explikatiounen.

Duerno, fir eis ze stäerken, war vun eise Chauffeuren Vania a Manuella an dem Chef vum “Encadrement & Soins” Alex Olah e flotten Dësch am Cellula reservéiert ginn an dat zu eiser beschter Zefriddenheet. Et huet eis all wonnerbar geschmaacht. Spéit owes “Op der Léier” ukomm ware mir zeideg fir an d’Bett an awer “happy”.

Mat hire Kompetenzen am Fueren hunn eis zwou Dammen den neien Auto ouni Krazert an d’Garage gefuer. Alleguer hu mir déi “Jungfernfahrt” gutt iwwerstanen.

D’Pensionnairen soe villmools Merci fir dee flotten Owend. Déi aner Matbewunner soen der Generaldirektioun och Merci fir deen neien Auto.

Bis den nächste Jubiläum!

Lucie Limpach, 86 Joer

SERVIOR Cipa “Op der Léier”, Esch/Uelzecht