SERVIOR-Chrëschtbasar’en

14/11/22 | Aktualität

D’Chrëschtdeeg sti virun der Dier – all SERVIOR-Haiser organiséieren dofir e Chrëschtmaart oder e Chrëschtbasar.

Hei gëtt et vun allem ronderëm d’Thema vun deene feierlechen Deeg an der wanterlecher Joreszäit déi un d’Dier klappt: Iess- a Gedrénksstänn mat Glühwäin, Stollen a Co, oder awer selwer gebastelt Adventskränz, déi een op der Plaz bewonneren a kafen kann. Natierlech wäerten och waarm Käschten an déi néideg musikalesch Ambiance sécher net feelen. Kommt roueg bis laanscht luussen… Vläicht ass jo och déi richteg Deko fir Äert Doheem oder souguer e Chrëschtkaddo hei ze fannen… Eis Bewunner an den eenzelen Haiser freeën sech elo schonn iwwert Äre Besuch !

Wéini, wou?

Dat gesitt dir hei an der Lëscht :

Sonndes, den 20. November

SERVIOR Am Park zu Boufer – ab 14h30 bis 18h00 – hei e puer Impressiounen :

Freides, den 25. November

SERVIOR Geenzebléi zu Wolz – ab 10h00 bis 18h00

Samsdes, den 26. November

SERVIOR Geenzebléi zu Wolz – ab 10h00 bis 18h00

SERVIOR Sanatorium zu Veianen – ab 14h00 bis 17h00 – hei e puer Impressiounen :

SERVIOR Op der Rhum an der Stad – ab 14h00 bis 18h00

SERVIOR Jousefshaus zu Réimech – ab 14h00 bis 18h00 – hei e puer Impressiounen :

SERVIOR Grand-Duc Jean zu Diddeleng – ab 14h00 bis 18h00 – hei e puer Impressiounen :

Sonndes, den 27. November

SERVIOR Bei der Sauer zu Dikrech – ab 10h00 bis 17h00 – hei e puer Impressiounen :

SERVIOR Belle-Vue zu Iechternach – ab 11h00 bis 17h00 – hei e puer Impressiounen :

SERVIOR Am Schleeschen zu Iechternach – ab 14h00 bis 18h00

SERVIOR Um Lauterbann zu Nidderkuer – ab 14h30 bis 17h00

SERVIOR Op der Léier zu Esch – ab 14h00 bis 17h30

Sonndes, den 4. Dezember

SERVIOR Schlassbléck zu Veianen – ab 14h30 – 17h00

Samsdes, den 10. Dezember

SERVIOR Beim Klouschter um Houwald – ab 15h00 – 17h30 – hei e puer Impressiounen :

Sonndes, den 18. Dezember

SERVIOR Woiwer zu Déifferdeng – ab 14h00 – 17h30


(Zeckt net direkt beim Haus nozefroen falls méi Detailer gewënscht sinn)


e puer Impressiounen vun 2021 :

Skip to content