109 Joer – Happy Birthday

24/11/22 | Aktualität

“Den Alter liewen” ass de Slogan vu SERVIOR – Déi eelste Bewunnerin vu SERVIOR feiert haut hir 109 Joer ! Happy Birthday, alles Guddes a virun allem weiderhin eng gutt Gesondheet !

1913… virun 109 Joer – 1 Joer virum 1. Weltkrich, 5 Joer virun der spuenescher Gripp… de Belsch Philippe Thys gewënnt dat Joer den Tour de France, de franséische Schrëftsteller Albert Camus an den däitsche Politiker Willy Brandt gi gebuer… an zu Stengefort erbléckt d’Louise Zwick d’Liicht vun der Welt…

Haut, op den Dag, virun 109 Joer ass also d’Madamm Louise Spirckel-Zwick, eelste Bewunnerin vun engem SERVIOR-Haus, op d’Welt komm.

2014, am deemools scho stolzen Alter vun 100 Joer huet d’Madamm Spirckel-Zwick hiert Doheem am SERVIOR Um Lauterbann zu Nidderkuer fonnt.


E bëssen zu der Geschicht a Biographie vun dëser Grande Dame :

Hiere Papp de Jean Zwick hat zu Stengefort eng Schräinerei am Kärcherwee. Hie war 2mol bestuet. Aus dem 1 Bestietnis ass en Bouf ervirgaangen, de Pierre Zwick. Aus dem zweete Bestietnis mam Ditti waren et den Alphonse, d’Léonie an eben d’Louise, deem säin 109. Gebuertsdag mer haut feieren. D’Léonie war 1912 gebuer an domat just ee Joer méi al wéi d’Louise an si zwee ware bal sou eppes wéi Zwillingen.

Mat 20 Joer huet si sech mam Arthur Spirckel bestuet, deen eng Ustellung am ëffentlechen Transport am Süde vum Land hat an och op der HADIR zu Déifferdeng geschafft huet. Si hunn hiert d’Liewen zu Déifferdeng gemaach, an aus deem Bestietnis ass de Fernand ervirgaangen, deen 1935 op d’Welt komm ass.

De Fernand huet spéider Studien an der Chimie zu Paräis an zu München gemaach an huet och do säi Liewe verbruecht an sech och a Bayern, bei Erding bestuet. Hien hat eng Plaz bei der Bundeswehr zu Erding München fonnt. Hien koum awer reegelméisseg op Lëtzebuerg.

Zënter 1978 ass d’Madame Spirckel Wittfra.

Si huet hiert Liewe laang gär gelies an och soss huet sech hiert d’Liewen duerch Bescheidenheet ausgezeechent. Si huet sech vu selwer hiergestalltem Kéis ernäert, an et ass eis zu Ouere komm dass hiert Haus an der Rue de l’Hôpital zu Déifferdeng hätt kënnen als Musée genotzt ginn, well do ass d’Welt stoe bliwwen” wéi eben d’Liewe virun 100 Joer war.

Si huet ni Alkohol gedronk an hiert Liblingsgedrénks war an ass nach emmer Mëllech.

Ausgezeechent huet d’Mme Spirckel awer och hire Courage. Wéi hire Bouf opgrond vun enger Erkrankung net méi konnt op Lëtzebuerg reesen, ass si ebe bei hie geflunn. Déi éischt Fluchrees an hirem Liewen hat Madamm Spirckel op München am stolzen Alter vun 80 Joer.

2006 ass hire Bouf Fernand leider verstuerwen. Wéi et der Mme Spirckel an dem Fernand hiere Wonsch war, huet hien seng lescht Rou zu Stengefort fonnt

Am Februar 2014, also am Alter vun 100 Joer ass d’Madamm Spirckel op Nidderkuer an de SERVIOR Um Lauterbann geplënnert. Och hei weist sech hier Bescheidenheet. Si wellt fir Moiesiessen ëmmer en Ee opgeklappt a Mëllech an eng Taass Kaffi.

Och d’Liesen ass de gréissten Zäitverdreif bliwwen. Et gesäit ee Si ëmmer mat engem Buch oder der Zeitung hirem Zëmmer sëtzen. An wat erstaunlech ass si huet ëmmer nach ouni Brëll gelies. Vir d’Iessen kënnt Si awer an den hauseegenen Restaurant.

Zenter de Projet vun “Ile aux Clowns” bei SERVIOR ugefaangen huet, kritt Mme Spirckel 1 mol de Mount Besuch vun de Clownen, iwwert deen si sech ëmmer freet. Et ass just eppes wat si stéiert, an dat ass déi rout Nues. Si huet ëmmer gemengt déi rout Nues wär en Zeechen dass d’Clowne krank wieren a huet sech Suerge gemaach. Lo dinn d’Clownen hier rout Nues aus wenn se bei Mme Spirckel op Besuch ginn.

Eng aner Anekdot huet eisen Educateur  verzielt. Kuerz nodeem Mme Spirckel bei eis an d’Haus geplënnert ass wollt hien sech bei hir virstellen, an si stoung grad virun der Dier vun hirem Zëmmer. Si sot zu him déi do kréien ech, a weist op hir Zëmmer d’Nummer 105. A wéi der gesitt, se huet Wuert gehalen, well haut feiere mer wéi gesot schonn den 109ten Gebuertsdag. Eng grouss Freed fir Mme Spirckel ass wenn en Pak vun hirer Schnauer aus Däitschland kënnt. Well do sinn ëmmer allerhand Schneekereien dran, déi d’Louise immens gär huet.

Skip to content