De Prënz Charles op Besuch am SERVIOR-Haus « Grand-Duc Jean » zu Diddeleng

14/07/22 | Actualité

Gëschter Mëtteg huet de Prënz Charles grouss Freed op Diddeleng an d’SERVIOR-Haus « Grand-Duc Jean » bruecht, wou d’Bewunner ganz gespaant an houfreg op d’Arrivée vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra, der Ierfgroussherzogin Stéphanie gewaart hunn.

Vun der éischter Minutt un huet de klenge Prënz jidderengem e Laachen an d’Gesiicht gezaubert. « Dat war fantastesch ! » oder « De Mëtteg war ganz schéin, immens schéin, ech hat nach ni sou eppes erlieft ! » beschreiwen eis Bewunner mat groussem Stralen am Gesicht des flott Visitt am Magazine-Reportage vun RTL Telé.

De Prënz Charel huet, zesummen mat sengen Elteren, der ierfgroussherzoglecher Koppel, um Nomëtteg Deel geholl a begeeschtert Spiller ausprobéiert.

Mat frëschen Eisekuchen ass gemittlech bei enger Taass Kaffi gepotert ginn an d’Bewunner konnten den direkten Austausch mat den héije Gäscht hunn, wat hinnen immens vill Freed gemaach huet.

Den Ierfgroussherzog Guillaume huet bei der Visitt ënnerstrach dass et him a senger Fra um Häerz läit an e Pleséier ass, op déi eeler Leit duerzegoen a mat hinnen perséinlech an e mënschlechen Kontakt ze kommen. Dëst hunn och eis Bewunner a Mataarbechter gespuert an appreciéiert.

Merci der ierfgroussherzoglecher Koppel an dem Prënz Charles fir dësen flotten Besuch !

Aller au contenu principal