Den 6. Februar sinn si zu 9 Persounen, mueres nom Kaffi, vun Iechternach a Richtung Bernkastel-Kues gestart fir den Oldtimer-Museum « Zylinderhaus » ze besichtegen. Um Wee fir dohinner hunn si profitéiert fir laanscht d’Musel ze fueren an d’Landschaft ze bestaunen, zemol d’Musel nach Deelweis hiert Bett verlooss an hinnen och eng Kéier den Wee verspaart hat, sou dass si e klengen Ëmwee duerch d’Wäibierger gemaach hunn. Pünktlech fir d’Mëttegiessen waren si um Ziel an hunn sech virun der Visitt am Museumsrestaurant gestäerkt. Dunn ass et lass gaangen an op 3 Etagen, déi tipptopp mat engem groussen Lift, ze erreechen waren, konnten si iwwert 300 Autoen a Motoen aus enger Zäit bis 1945 zeréck bewonneren. Déi vill Detailer och mat gestallten Butteker oder enger Schmadd wéi fréier, hunn Erënnerungen opgeruff. Esou huet et zum Beispill och geheescht « Genau sou een Auto hat mäin Mann mir kaf ». Frëndlech Personal huet hinne bei Froen virugehollef. No 2 Stonnen ass hir Zäitrees dann op en Ënn gaangen, obwuel nach ëmmer nei Impressiounen an d’A gefall sinn, an si hu sech Heem op Iechternach gemaach.
Richtung Bernkastel
13/02/20 | Catégorie
X