24 Stonnen Vëlo Wëntger

20/07/23 | Actualité

Am Kader vun den 24 Stonnen Vëlo Wëntger, déi dëst Joer den 28. an 29. Juli stattfannen, huelen d’Bewunner an d’Personal vun der Geenzebléi Wolz un dësem sportlechen Evenement deel. Si fueren d’Kilometeren um Home Trainer an Hand Bike an der Geenzebléi zu Wolz.

Dëst Joer geet d’Spend integral un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner.

Dir kënnt eis ënnerstëtzen andeems Dir eng Spend un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner maacht, mam Vermierk  » Heemrot Geenzebléi Wolz » op d’Konto Nummer vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner IBAN: LU17 0028 1408 4840 0000 BIC: BILLLULL. Mir wieren frou zum Schluss vun deenen 2 Deeg der Fondatioun Kriibskrank Kanner een groussen Check kënnen ze iwwerreechen.

Wann Dir wëllt matfueren soot eis Bescheed um Telefon 95 83 33-1 (vun Méindeg bis Freideg vun 8h00 – 17h00) oder schéckt eis eng Mail un geenzeblei@servior.lu sou dat mir Iech kënnen aplangen.

Programm
Freides, den 28. Juli vun 19h00
19h00-23h00 Concert mam Rol Girres an Jeannot Conter

Samsdes, den 29. Juli bis 20h00
10h00-12h00 Concert mam Roberto Massineo
16h00-20h00 Concert mam Rol Girres an Jeannot Conter

Wärend eisen 24 Stonnen Vëlo hunn mir och eng Tombola, Kreatives aus eisen Atelier’en, Likör aus Kiwi, Toffifee, Aprikosen…

Fir Musek, Iessen an Gedrénks ass beschtens gesuergt.

Aller au contenu principal