12. Mee : Internationalen Dag vun der Infirmière / dem Infirmier

12/05/22 | Actualité

Haut, den 12. Mee feiere mir den « Internationalen Dag vun der Infirmière/dem Infirmier » – SERVIOR ass stolz 577 Infirmièren an Infirmieren ënnert sengen 2.300 Mataarbechter ze ziele – 496 Fraen an 81 Männer, déi sech derfir decidéiert hunn, der Pionéierin vun de modernen Infirmière-Soin’en, dem Florence Nightingale, nozegoen. Haut ganz speziell soe mir hinne Merci fir hiren Engagement, hier Leidenschaft an hier Passioun mat där si e sozialen a mënschleche Beruff ausüben deen awer och schwéier a fuerderend ass. Merci all deenen, déi an de Beruffer vun der Gesondheet, der Fleeg an dem Encadrement schaffen, a Merci allgemeng all deenen déi an der Betreiung schaffen, bei SERVIOR oder enzwousch anescht.  



Ce 12 mai, on célèbre la « Journée internationale de l’infirmière/ier ». SERVIOR n’en compte pas moins de 577 infirmières et infirmiers parmi ses 2.300 collaborateurs: 496 femmes et 81 hommes, qui ont choisi de suivre la pionnière des soins infirmiers modernes, Florence Nightingale. C’est l’occasion de les remercier pour leur engagement, leur dévouement et cette passion avec laquelle ils exercent une profession sociale et humaine, mais aussi dure et exigeante. Merci à tous ceux qui œuvrent dans les professions de santé et de soins, et merci de façon plus générale à tout l’encadrement, au sein de SERVIOR ou ailleurs.

Aller au contenu principal