Hoffnung a Freed kënnt och aus dem « Sanatorium » vu Veinen

02/02/21 | Actualité

Wéi flott, dynamesch a liewensbejoend sou en Doheem fir eeler Leit am Alldaag dach kann sinn!

Zu Veinen, uewenaus um Bierg, ass et haut un eise Mataarbechter vum SERVIOR-Haus « Sanatorium » fir och un der #JerusalemaDanceChallenge deelzehuelen.

Et louch nach Schnéi dobausse, wéi déi ganz Equipe mat Freed a Begeeschterung gedanzt huet – och hei mat engem ganz speziellen Ziel: Hoffnung a Liewensfreed ze verbreeden, de Bewunner e flotte Moment ze schenken a Spaass ënnert de Kolleegen ze hunn.

Iwwer déi läscht Méint hunn si – grad wéi all aner Mataarbechter an eise verschiddenen Haiser – sech onendlech vill Saachen afale gelooss fir dass eis Bewunner beschtméiglech ëmsuergt a beschäftegt sinn. Villes huet mussen ëmgeduecht an adaptéiert ginn mee ëmmer hunn si eng Léisung fonnt fir e Laachen op d’Gesiichter vun hire Pensionnairen ze zauberen.

Dat haten och d’Mataarbechter a Bewunner vun de SERVIOR-Haiser « Geenzebléi » zu Wolz  an « Op der Rhum » an der Staat bei hierem #JerusalemDanceChallenge och schon gewisen.

Hei den #Jerusalema-Danz aus dem « Sanatorium »:

« ce challenge de danse a été réalisé à la demande des résidents et personnels afin de passer un moment agréable ensemble et rompre l’isolement vu la situation sanitaire actuelle. La présente vidéo ne présente aucun caractère commercial direct ou indirect »

X
Aller au contenu principal