Op der Rhum: musikaleschen Fréijoersbouquet

Musek mécht d’Häerz op a beréiert d’Séil…

Proffen a Schüler vum Stater Conservatoire hunn op der Rhum e musikalesche Fréijoersbouquet presentéiert fir eise Bewunner an eisem Personal eng Freed ze maachen.

Iwwer d’Woch verdeelt si verschidde Concerten am grousse Bannenhaff vun der Rhum ofgehalene gin, an trotz der néideger Distanz huet d’Musek eis all d’Häerz gewiermt.

Eng flott an décontractéiert Stëmmung war all déi Deeg gebueden a jiddereen huet des musikalesch Ofwiesslung ënnert fräiem Himmel, begleet vun enger waarmer Fréijoers-Sonn, genoss.

E grousse Merci geet un alleguer d’Museker déi sech Zäit geholl hunn fir eise Leit eng grouss Freed ze maachen!

Foto Bewunnerin

An hei nach e puer weider Impressiounen vun der Rhum: