Eng Kiermes fir d’Bewunner zu Diddeleng am CIPA „Grand-Duc Jean“

Als Ersatz fir dat traditionellt Summerfest guff eng éischt Editioun vun enger Diddelenger-SERVIOR-Kiermes vun eise Matarbechter fir hier Bewunner organiséiert.

Wann och ouni Besuch vu bausse, war dest awer ee ganz flotten, ofwiesslungsräichen a lëschtegen Dag fir eis Bewunner.

Den Eisekuch, d’Musek an déi verschidden Kiermesspiller hunn zu der gudder Ambiance bäigedroen.

Et huet jidderengem esou gutt gefall dass et sécherlech net déi läscht Editioun vun enger Kiermes war.