Diddeleng: Ouschteren am CIPA Grand-Duc Jean

Och an dëser aussergewéinlecher Zäit hunn eis Bewunner am CIPA Grand-Duc Jean zu Diddeleng sech d’Freed um Liewen net huele gelooss.

No der Ouschtermass, déi iwwer e Live-Stream organiséiert war ass et raus an de grousse Park gaange fir op Eeërsich ze goen. Och fir Ënnerhalung war gesuergt, sief et mat Musek oder engem Clown deen seng Spiechte gemaach huet fir d’Leit ze ameséieren.

En Treppeltuer duerch de Park stoung bei herrlechem Wierder selbstverständlech um Programm oder e puer Übunge mam Kiné, natierlech och ënner fräiem Himmel.

E schéinen Ouschterweekend fir eis Bewunner, wou Ënnerhalung an Oflenkung Tromp waren.