D’Aen hu geblénkt an d’Gesiichter hu gestraalt – „Um Lauterbann“: E Mëtteg wéi um Bauerenhaff

Eng Kanéngchen um Schouss hunn an hier de Pelz heemelen, engem Päerd iwwert de Kapp fueren, en Hong mat sengen douce Fiederen am Grapp halen, enger Int aus der Hand Käre ginn, der schwaarz-wäisser Geess mat hiren impressionnanten Hare méi no kommen…

Déieren hu bekanntlech eng ganz besonnesch Ausstralung op de Mënsch – e „mobillen“ Bauerenhaff war op Nidderkuer an d’SERVIOR-Haus „Um Lauterbann“ invitéiert gin, an d’Freed ënnert de Bewunner, iwwert dëse pelzege Besuch, liest een hinnen an de Gesiichter of 🙂