Fête des mères: un nouveau départ

An allen SERVIOR-Haiser, queesch duerch d’Land, war Mammendag wéi de Glackeschlaag fir e neien Start vun de Besich vun de Familljen bei hiren Léifsten. Selbstverständlech trotzdeem kee Grond fir d’Sécherheetsmesuren iwer e Koup ze geheien. Dëst flott Evénement huet et erlaabt sech erëmzegesinn fir d’Mammen ze feieren, besonnesch agreabel op deenen Plazen wou een dat dobaussen an enger klenger Grupp konnt maachen. De Confinement ass sécher net eriwwer, mee et soll keng Barrière méi fir méi Begéignung sin. Vill vun den Haiser hunn dësen Dag zu engem ganz besonneschen Erliefnis gemaach.

Zu Diddeleng waren zwar net grad summerlech Temperaturen an trotzdeem hunn d’Bewunner vum CIPA Grand-Duc Jean d’Méiglechkeet gehat, am Anhalen vun de Sécherheetsmoossnamen dee flotten an traditionellen Apero-Concert ze lauschteren. Déi 143 Mammen haten d’Méiglechkeet hir Kanner a Familljen dobaussen ze empfänken vue dass bannen an der Reegel nëmmen 20 Visitten kéinten stattfannen. E Moment voller Freed also an eng gemittlech Transitioun an den Nomëtteg eran. Och eng Equipe vun RTL hat drop gehalen fir bei dëser flotter Ambiance kenne derbäi ze sinn. An den Noriichten gouf vun dësem Fest geschwat.

DE REPORTAGE OP RTL KUCKEN

An hei Fotoen aus verschiddenen vun eisen Haiser:

„Am Park“ – Boufer

Iechternach – „Belle-Vue“

 

„Sanatorium“ – Veianen

 

Nidderkuer – „Um Lauterbann“

„Beim Klouschter“ – Houwald

 

Déifferdeng – „Thillebierg“

 

„Geenzebléi – Wolz