Och de « Roude Fiels » ass am SERVIOR Woiwer ukomm

30/11/22 | Actualité

Genee virun 2 Woche war et un de 60 Bewunner an 80 Mataarbechter vum Rëmelenger « Roude Fiels » fir an hiert neit Doheem, an de Quartier Fuussbann op Déifferdeng, an den neie Centre d’hébergement pour personnes âgées SERVIOR Woiwer ze plënneren.

Wärend dem plënnere vun alle perséinleche Saachen hunn eis Bewunner e flotten Dag, mat Musek, Iessen an Danz verbruecht, fir Owes hier komplett ageriichte Raimlechkeeten ze entdecken.

Hei schléissen si sech de schonn 80 Bewunner vum alen « Thillebierg » un a forméiere mat hinnen an den neie Residenten, an no an no och mat neie Bewunner, eng nei, grouss, freedeg Liewenscommunautéit.

Um Site vum « Roude Fiels » lafen d’Planunge fir d’Ofrappen an e komplett neie Bau fir dann 120 eeler Leit.

De Pensionnairen an de Mataarbechter vum « Roude Fiels » soe mir : Häerzlech Wëllkomm am SERVIOR Woiwer !


E puer Foto-Andréck vum « Plënnerdag »

Aller au contenu principal