Den Défilé vun de faarwegen Hitt

25/11/22 | Actualité

Zu Esch am SERVIOR Op der Léier gëtt d’Traditioun vum de Catherinetten-Fest, dat all Joer den 25. November gefeiert gëtt, héich gehalen. Ganz sécher och als Hommage un d’Madamm Finny Cazzaro, déi wärend villen Joren eng sëllegen Hitt konfektionéiert huet, mee leider Ufank des Joers, am Alter vun 103 Joer, vun eis gaangen ass. 

Den Defilé mat de schéinen Hitt war haut den Highlight vun den Residenten, déi och aktiv a mat vill Freed de Mëtteg genoss hunn.


Ursprénglech kënnt de Kult ronderëm dat Hellegt Catharina schonn aus dem Mëttelalter: Der Legend huet des jonk a gebilten Chrëschtin am 4. Joerhonnert an Alexandria gelieft – Well Si awer dem Keeser Maxentius seng Demande fir d’Hochzäit net ugeholl huet, ass si agespaart, gefoltert an herno zu Dout komm.

Haut ass d’Hellegt Catharina d’Schutzpatréinerin vun de Studenten, de Fuhrmänner, de Philosophen, den Installateuren an de Fraen ouni Mann. Déi sinn zwëchen 25 an 35 Joer al an dekoréieren den 25. November hier Statu an der Kierch andeems si hier eng Hauf opdinn a bieden dass si hinnen e Mann schéckt. Owes danzen d’Catherinetten mat extravaganten Hitt op Baler an der Hoffnung hirem Zukünftegen an d’An ze stiechen. D’Faarwen giel (fir den Erfolleg) a gréng (fir d’Hoffnung).

An den 1970er Joren gëtt d’Catherinette op ville Plazen ofgeschaaft well et als diskriminéierend ugesinn ginn ass.

Mee déi Helleg Catharina ass och d’Schutzpatréinerin vun den Néieschen, kee Wonner also, dass d’Moudewelt d’Traditioun weider héich hält, sou dass och haut nach d’Catherinetten mat Moudendefilé, Kaddoen a jee no Regioun souguer mat engem fräien Dag gefeiert.

Zu Vesoul gett och haut nach eng Wiel fir déi schéinsten Catherinette organiséiert, wou d’Dammen stolz Hitt droen, mat deenen se och hiren Beruff oder Hobby an Zeen setzen, einfach well et hinnen Spaass mécht.

Aller au contenu principal