“Et ass wichteg, eis Gesellschaft fir den Drëtten Alter ze sensibiliséieren” – RTL-Interview mat Bewunnerin aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum”

01/10/19 | Catégorie

Am Kader vum Internationalen Dag vun den eelere Generatiounen war d’Marie-Louise Muller-Verplancken, 91 Joer, aus dem SERVIOR-Haus “Op der Rhum” haut Invitée am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg. Um Mikro beim Dan Spogen huet déi pensionéiert Professorin e bësschen vun hirem Alldag am Cipa erzielt. De Schratt fir an d’Altersheem ze goen war net einfach. Si hat och Angscht fir hiert Haus opzeginn, ënnersträicht d’Marie-Louise Muller-Verplancken: “Am Alter huet ee méi Problemer sech u nei Saachen ze gewinnen”. Mä wann een ouni Nostalgie säin Doheem verléisst, da kann een sech op e Liewen an enger Alterswunnstruktur aloossen. “Wéi ech elo eng Woch bei mengem Meedchen zu Berlin war, hunn ech mech richteg gefreet erëm beim mech heem op d’Rhum ze kommen”, sot d’Seniorin, déi frou ass iwwert déi vill Kontakter, déi si am SERVIOR-Haus “Op der Rhum” knëppe kann. “Mir hunn all Dag Aktivitéiten – méi wéi doheem”, seet d’Marie-Louise Muller-Verplancken a weist dem Dan Spogen den Aktivitéitsplang vum Mount Oktober. Op der Rhum ka si den “Alter liewen” an ass ganz zefridden bei SERVIOR, wou si schonns an engem Joer méi gedanzt huet wéi déi lescht 50 Joer zesummen. Dem Dan Spogen huet si awer verroden, datt si eigentlech net richteg danze kéint, mä hire Mann si souzesoen géif opfänken.

Zum Schluss vum Interview seet si dem Personal vu SERVIOR Merci, “well ouni d’Personal wiere mir aarm drun”.

Lauschtert dat ganzt Gespréich op:

https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/2839139.html