Si hunn de Krich erlieft, di grouss Krisen an d’Joerhonnertwend. Hir Generatioun war eng vun Haushälterinnen wa net Hausfraen, Bauerinnen esouguer Aarbechterinnen… Si waren zu siwen tëscht 90 a 95 Joer jonk, di de 19. Januar vu SERVIOR Boufer gewënscht kruten am wanterleche Kader vum CIPA Am Park wou deemnächst nees d’Blummen zeréckkommen, di dës Plaz esou eenzegaarteg… an esou erhuelsam maachen. Siwe Fraen, dorënner béid Suzannen, dat eent wat Kazen esou gären huet a se sammelt an dat anert – manner exklusiv – wat all Déiere gären huet… och Hënn. De Chargé de direction Jean-Marc Welter, Buergermeeschter vu Luerenzweiler, de Jos Roller, Vertrieder vu SERVIOR an d’Amicale vum Personal hunn sech bei d’Famillje vun deenen zwou Damme gesellt fir hinnen hir Zouneigung an Dankbarkeet auszedrécken. Zu gudder Lescht gouf et dann nach op dësem Fest vum héijen Alter Schampes an e Gebuertsdagskuch, wéi zum Beweis datt d’Jore weder um Duuscht nach um Appetit eppes aussetze kënnen.
95järeg: Elise Krier-Haas, Suzanne Drauth-Hamer
90järeg: Marie Diederich-Angel, Anne Tibolt-Hoffmann, Suzanne Michels, Virginie Niedercorn-Kieffer, Léa Sabese-Kribs