Rhummer Gospel – Blues’n Jazz Rallye

21/07/2018 (18h30-19:30)
Blue Note Stage
Op der Rhum – Luxembourg

Samschdes, den 21. Juli wäerten 30 Damen an Hären zwëschent 77 a 99 Joer hiren Optrëtt am Kader vum Blues’n Jazz Rallye hunn. Et ass déi véiert Kéier, dass de Rhummer Gospel-Chouer, ënnert der Leedung vum Robert Bodja, bei dësem Event dobäi ass.

D’Memberen vum Chouer wunnen gréisstendeels am Altersheem Op der Rhum. Si dreemen vun enger internationaler Carrière, engem Tourbus an Autogrammkaarten. Si sange Gospel, wéi wann se ni eppes aneres gemaach hätten. Gefillvoll, zaart, dynamesch a voller Temperament. Wann een se gesäit an héiert, ass een einfach verzaubert.

Ënnerstëtzt ginn si gesanglech vun enger Réi bénévolen Choristen. Donieft suergen eng handvoll Museker fir de gudde Sound.

FB_Button_Gospel

Méi iwwert d’Rhummer Gospel