Wolz: D’Ouschterdeeg am « Geenzebléi »

Am Fleegeheem « Geenzebléi » zu Wolz hunn d’Bewunner sech besonnesch iwwert d’Ofwiesslung wärend den Ouschterdeeg gefreet.

Faarweg a mat ganz vill Léift war alles dekoréiert

Mat sportlechen Aktivitéite gëtt sech fit gehalen an och de Rendezvous beim Coiffeur blouf net aus.

Dat traditionellt Eeërfierwe war e wonnerbare Spaass. de Kontakt mat der Famill war dank de modernen Technologië garantéiert an déi kulinaresch Ënnermolung duerch eis Kichen assuréiert.

D’Amicalen huet de Bewunner all eng speziell Freed gemaach, e Moment vu Waarmhäerzegkeet combinéiert mat eppes Séissem fir déi gutt Laun.

« Ee grousse Merci un eis Mataarbechter an eis Amicale! »